Adventsaktioun 2011 zu Dikrich
D’Par Dikrich ënnerstëtzt dëst Jar de « Grupp Zoé » zu Contern vun der Croix-Rouge. Hei gi mannerjährig Meedercher betreit, déi schwanger sen oder scho Mamm gi sin. D’Meedercher hu während hirem Openthalt am Grupp eng agerichte Kummer fir sech an hiert Kand. Di aner Reimlichkeete wi Kichen, Stuff, 2 Buedzëmmer an Spill- resp. Visitenzëmmer deelen se sech all zesummen.
Des Meedercher kommen dohinner, entweder aus engem aner Centre d’accueil, oder vun doheem wa si net kënnen oder wëlle bei hirer Famill bleiwen, well et Konflikter get weenst hirer fréier Schwangerschaft.
Den Openthalt ka bis zu engem Jar daueren. All Mamm kritt en individuelle Programm : je no Situatioun vun hir an der Bezéiung mat hirem Kand, get si op e retour an hir Famill oder op en autonomt Liewe mat hirem Kand a Partner virbereed.
D’Aufgab vum Personal vum « Grupp Zoé » ass fir d’Meedercher 24/24 ze betreien, se op d’Gebuert an hir Mammeroll virzebereeden a virun allem mat hinne Schratt fir Schratt an hirem Leewensprojet Zieler festzesetzen, déi si erréche musse éier si mat hirem Kand fortgoe kënnen.
D’Meedercher hun hei d’Méiglichkeet Course matzemaachen, z.B. Schwangerschaftsgymnastik, Babyschwammen, Babybmassage, 1. Hëllef fir d’Kand, Computercoursen zu Sandweiler, etc. Si mussen och erem hir schoulisch Aktivitéiten ophuelen. Während der Zeit gin hir Kanner vun enger éducatrice versuergt.
Wann Dir dëse Projet wëllt ënnerstëtzen, da kënnt Dir Ären Don entweder an den Afferstack ënnen an der Kierch werfen oder iwerweisen op de Kont :
LU71 0019 1055 5892 9000 bei der BCEE
un MAISON N.ENSCH GROUPE ZOE.
Vermierk « Adventsaktioun Par Dikrech »
Di jonk Mamme mat hir Kanner an d’Ekipp soen Eech villmools MERCI fir Är Ënnerstëtzung !
Adventsaktioun 2011
Pare Bettenduerf, Méischdrëf a Reisduerf
Zu Bettenduerf, Méischtref a Reisduerf sammele mir am Advent fir
d’Maison Françoise Dolto
Centre spécialisé de la petite enfance, géré par ANNE asbl.
Dëse Foyer um Houwald ass fir ganz kleng Kanner, déi aus irgendengem Grond, net bei hirer Mamm liewe kënnen. Vill vun dëse Kanner hu schons an der Schwangerschaft vill matgemaach (Drogen an Alkohol) a brauchen dono een extrae Programm fir eng gudd physéch a psychéch Gesondheet ze fannen.
Wann Dir Iech eiser Aktioun wëllt uschléissen, da kënnt Dir fir 3 € e Stär fir eis Chrëschtbeemercher an de Kierchen zu Bettenduerf a Reisdorf kafen, iech un engem Affer zu Méischtref bedeelegen oder en Don iwerweisen op de Kont (vun de Steieren ofsetzbar):
CCPL LU64 1111 2507 5005 0000 vun der Elisabeth Stëftung mam Vermierk: „Don Maison Françoise Dolto, Adventsaktioun BMR“
Fir weider Froe kënnt Dir Iech gären un d’Carole Jemming (jemmchen@web.de) adresséieren.
Maison Françoise Dolto | 8c, rue d l'Ermittage | L-5812 HOWALD
E mfdo@elisabeth.lu | T +352 24 83 13-1 | F +352 24 83 13 83 | W mfdo.elisabeth.lu
D’Parequipe seet Iech villmols Merci
a wënscht Iech e schéinen Advent!