Déi Jonk Mammen an hier Kanner vum Grupp Zoé soen Iech Merci,

datt Der dëst Joer esou léif u si geduecht huet an hiere Wee e Stéck méi einfach gemeet huet.

Si wënsche fir d’Joer 2012 alles Gudds.

D’Personal schléisst sech dëse Wënsch un.

"Mit jedem neugeborenen Kind geht eine kleine Sonne auf!" Irmgard Erath         

 

 

Glécklech Kéi a glécklech Kanner zu Chagalamarri

D’Kommiounskanner vun 2011 vun Dikrich hu Wonnerbares errécht.
Hiert Ziel war et, deenen äärmste vun den äärmste Schoulkanner aus dem
Duerf Chagalamarri 1 bis 2 Kéi ze schenken. Duerch d’Kéi hätten d’Kanner
dann all Dag Mëllech, déi hinnen déi néideg Protéinnen a Vitamine bréngt.
Mee haut stinn am Stall niewt der Schoul 6
schéi Kéi, déi d’Mëllech liweren an aus der
Yoghurt an och emol eng Zort Kéis
gemaach gët. An Indien gët dat Sprëchwuert
„E puer Mécke mat engem Schlag“ direkt
ëmgesat. Déi 6 Kéi gi méi Mëllech wéi an
engem Dag fir d’Schoulkanner verbraucht a
verschafft gët. Dat huet d’Awunner op d’Iddi
bruecht, der Famill vun all Schoulkand, wou
nach vill Geschwëster doheem bei der Mamm sinn, (déi och alleguer wéineg fir
net ze soen bal näischt zum Liewen hunn,) eng Kou fir 1 oder 2 Deeg am
Mount ze versuergen ze ginn. D’Mammen ginn da mat der Kou glannen, a fir
dës Méi kréie si d’Mëllech vum Dag fir hier Famill. Owes hëllefen d‘Kanner bei
den Aarbéchten am Stall. An Indien sinn d’Leit ganz dankbar vis à vis vun de
Kéi, déi hinnen d’Mëllech zum Iwwerliewe ginn. Fir Merci ze soe ginn d’Kéi
wéinstens eemol an der Woch gewäsch. Do maachen d’Kanner mat Eifer mat,
well och an Indien spille si gäer mam Waasser. Nëmmen d‘Waasser ass ganz
kostbar hei, a si musse spuersam dermat ëmgoen. Niewt de Mammen déi
matschaffen, ass och nach en eelere Mann eemol an der Woch bei deene
schwéieren Aarbechten mat derbäi. Heifir kritt hien e puer Sou, déi him duer
ginn, fir net mussen ze heeschen oder Honger ze leiden. Esou profitéiern
d’Schoulkanner, hier Familljen an dëse Mann vum Projet vun den Dikricher
Kommiounskanner.
Heiheem ass eis Grande-Duchesse op de Projet opmierksam ginn, wéi si
de Rapport vun « Dignity a.s.b.l. » geschéckt krut, an dem rieds gong vun der
Hëllef, déi d’Dikricher Kommiounskanner geleescht hunn. Si huet duerch e
Bréif vum Maréchal de la Cour den Dikricher Kanner félicitéiert, hinnen hier
Unerkennung ausgeschwat, a si fir des Dot encouragéiert. Natierlech sinn
doriwer och all déi Leit erfreet, déi un desen Aktivitéiten matgeschafft hunn.
Yvonne Lanners

 

Donneschdes ass all Woch em 11.00 Auer eng Mass
am Pflegeheem, rue de l’Hôpital

 

Bicher, an nach vill anerer, fannt dir bei eis zu Dikrech, an der Foussgängerzon:

ErwuesseBildung Dikrech,

4, rue de Brabant L-9213 DIKRECH,

Tel.: 80 39 29 ou 691- 80 39 29

 

De Caritas – Fairness Center 
20, route d’Ettelbrück  

vun Dikrich
sicht fir sein Volet
« Kleederstuff »
gudd erhaalen
an moudesch Kleeder fir
Kanner, Jugendlicher a jonk Fraen.
Den Kleederdon kann een ofgin vu

Méindes bis Freides :

09.00-11.00 an 13.00-16.30 Auer

Villmools Merci am Viraus

 

Uergelbauverain Dikrich

 

Zënter enger Rëtsch vu Joere beméit sech de Kiercherot fir eis Dekanats-Kierch ze restauréieren, baussen a bannen. Mat Ärer generéiser Ennerstëzung huet de Kircherot scho fir nei Still gesuergt. D’Gemeng, di jo Propriétär vum Gebai ass, huet no enger Etude iwer den Zoustand vum Daach a vun de Maueren, Mëttel virgesinn fir de Bau an dene nächste Joeren ze restauréiren. D’Architekten maachen lo Virschléi fir d’Kierch méi atraktiv, an der Liturgie méi ugepasst, ze gestalten.

Duerzou gehéiert och eng total Erneierung vun eiser Uergel.
Den 21. Januar 2010 gouf dofir den Uergelbauveräin Dikrich (UBV-Dikrich) gegrënnt. En huet als Missioun derfir ze suergen, dat eng nei Uergel geplangt an ugeschaaft get, a këmmert sech och ëm d’Finanzéierung. Iwer de Projet, d’Gréisst an d’Käschten vun dëser neier Uergel informéiere mer Iech soubal méi Präzisiounen do sin.Mir géifen eis frée wann Dir an d’Zukunft bei Familiefester oder Begriefnësser och un d’Uergel géift denken mat engem

Don un den Uergelbauverain Dikrich asbl.   

Compte vum UBV: BCEELULL IBAN LU71 0019 3255 3659 6000 

 

 

 

 

  

Zesumme kréie mer dat hin. Mir soen lo schons villmools Merci !