Nei Wéer goen 

Wann d’Vakanz virun der Dir steet, dann dreeme vill Leit vu frieme Länner, vun Neiem wat si könne gesin an erliewen. 

Sou laang de Mënsch nach kann dreemen a lass loosse vun deem gewinnten Alldag, ass an him eng Kraaft, déi heen opmécht fir Neies ze woen, fir nei Welten ze erfuerschen an op aner Wéer ze goe wéi déi di e gewinnt ass. Friem Mënschen a Kulture kenne léieren, dat deet gutt, dat hëlleft suguer mat eis ege Kultur besser ze verstoen an ze schätzen. Begegnungen an der Vakanz kënne sou wertvoll sin, dat een e ganzt Joer dervu kann zieren.

Jesus invitéiert eis net zréckzekucken, mee op ze si fir nei Wéer ze goen. Gott huet eis seng Schöpfung geschenkt, déi sou reichhaltig ass, dat mer si ni ganz kënne verstoen a begreifen. De Stärenhimmel ass esou grouss a weit, dat mir ni un d’Enn kommen, an de Microkosmos ass esou differenzéiert a strukturéiert, dat mir nëmme kënne staune wann d’Wëssenschaft eis de Bléck dofir opmécht.

Looss mir di Zeit vun der Vakanz notze fir neies ze erliewen an opzetanken am Herrgott senger Natur a vill Begegnunge feerdig ze bréngen déi eis opmaache fir d’Schéinheet vun anere Kulturen a Länner.

Mat beschte Wönsch fir eng gutt Vakanz,

J.P.Heuschling,

Déchen